Skip to content

Kandidaten 2023

Charel WEILER

juriste, Spëtzekandidat

Zäit fir eng aner Politik. Zäit fir de Wiessel.

Mäi Numm ass Charel Weiler, hu 36 Joer a si gebiertegen Dikrecher.

D’Spillschoul, d’Primärschoul an de Lycée hunn ech zu Dikrech besicht, ier ech mäi Studium op der Uni zu Lëtzebuerg, zu Stroossbuerg an zu Mainz gemaach an ofgeschloss hunn.

Wäerend 9 Joer hunn ech als Affekot an enger Dikrecher Etude geschafft ier ech als Jurist a politesche Beroder an der Fraktioun  vun der CSV ugefaang hu mat schaffen.

Léisungen op d’Probleemer an d’Suerge vun de Leit ze sichen an ze fanne läit mir um Häerz motivéiert mech fir aktiv an der Politik mat ze schaffen.

Als Gemengeconseiller hunn ech déi läscht Mandatsperiod, zesumme mat de Kolleegen aus eiser Fraktioun, d’Aarbecht vun der LSAP Majoritéit sachlech a kritesch verfollegt a begleet.

Mir hunn de Fanger do an d’Wonn geluecht wou et néideg war, an Decisioune matgedroe wou mer der Meenung waren, dass se am Interêt vun eise Matbiergerinnen a Matbierger wieren.

Festzehale bleift dass d’LSAP Majoritéit no 12 Joer definitiv un hir Limitte gestouss ass: Et feelt un Energie, Motivatioun a neien Ideeën.

Decisiounen, wann der da geholl ginn, gi vun uewen erof an op eng dirigistesch Manéier duerchgeboxt.

Keen Dialog mat de gewielte Vertrieder vun der Oppositioun, keen Dialog mam Bierger. Vun Transparenz an Demokratieverständnis keng Spuer.

Mir brauchen eng aner Art a Weis vu Politik well eis Gemeng steet viru groussen Erausfuerderungen.

Ech si bereet des Erausfuerderungen unzegoen, Verantwortung z’iwwerhuelen a mech an den den Déngscht vun eise Matbiergerinnen a Matbierger ze stellen.

Et ass Zäit fir de Wiessel. Fir eis Stad. Fir Dikrech.

Dofir, den 11ten Juni, d’Lëscht 4.

Pit DAHM

enseignant

Fir méi Liewensqualitéit zu Dikrich

Als gebiertegen Dikricher leit mir meng Staat um Häerz. Ech engagéiere mech zu Dikrich, well fir mech Wuelbefanne vun de Bierger am Zentrum vun der Gemengepolitik stoe muss.

Zu Dikrich musse mir et nach besser hikréien Aarbecht a Fräizäit mateneen ze verbannen, fir d‘Liewensqualiteit vun alle Generatiounen ze verbesseren. Mir brauche Plaze wou vu Jonk bis al d’Leit sech kënne vum Alldagsstress erhuelen a mir mussen eis kulturellt a sportlecht Angebot stäerken andeems mer eis lokal Veräiner ënnerstëtzen.

Dan KNEIP

professeur-ingénieur

Gemengerot

Fir eng effikass an nohalteg Gemengepolitik 

Professeur-Ingénieur (LTA)

Eng Gemeng muss wei een Betrib gefouert ginn. Am Schäffe-, an am Gemengerot muss jidderee seng eege Kompetenzen a säi speziellt Wësse geziilt mat abréngen kënnen. D‘ Wäitsiichtegkeet vun eis Volleksvertrieder ass eng absolut Viraussetzung, fir eng effikass an nohalteg Gemengepolitik. Eis Gemeng nohalteg leeden, heescht net nëmmen op eis Ëmwelt oppassen, mee verlaangt och eng responsabel Finanzpolitik. Zousätzlech muss een an Zukunft nieft, dem sozialen Fridden och den gesellschaftlechen Zesummenhalt an eiser Gesellschaft, nach méi ofsécheren. Des funktionéiert awer just an enger Equipe, wou een breet ugeluechten politeschen Debat stattfënnt.

D’Entwécklung vun Dikrich am Kader vun der Nordstad-Planung ass fir mech eng vun de Prioritéiten. D’Nordstad muss a mengen Aen fir den Norden een Entwécklungs- an Attraktiounszentrum ginn, genausou wéi Belval fir de Süden. Dat geet nëmmen duerch ee Matenee vun den Nordstadgemengen an engem konsequenten Input vun eiser Regierung. An deem Sënn brauche mer eng geziilt a koordinéiert Entwécklung vun eiser Ekonomie, eiser Mobilitéit an eisem Wunnraum.

D’Ausbildung a Betreiung vun eise Kanner ass a bleift eng Erausfuerderung fir d’Zukunft, a muss optimal am Sënn vun de Familljen organiséiert ginn. Mee och d’Sport- a Fräizäitgestaltung ass a mengen Aen, fir ee gutt Zesummeliewe vun eiser multikultureller Gesellschaft a fir eng gutt Liewensqualitéit vun eis alleguer, immens wichteg.

Chantal WEILER-MAINZ

kinésithérapeute

Kurzen Liewenslaaf:

Zu Dikrich gebuer, zu Bettenduerf an enger grousser Famill opgewuess, hun ech zu Dikrich t’Pensionnat , t’Musikschoul an de Kolléisch mat Succès ofgeschloss,
dann eng Licence en Kinésithérapie zu Bréissel op der ULB gemach.

Op menger éischter Plaatz zu Mondorf hun ech mat handicapéierte Kanner geschafft, duerno zu Veianen am fréieren Sanatorium, hun ech als éischte Kiné desen Service opgebaut an och e „Kreativen Atelier“ mat de Pensionnären gemach.

Mir sin mat de Pensionnären 1x am Jär an t’Ausland an t’Vakanz gefuer fir eng Woch, dat war emmer ganz flott. Wärend där Zeit hun ech och als Bénévole an enger Kommissioun vum Comité Olympique gehollef „Journée du Sport pour le 3e Age“ landesweit op t’Been ze stellen, wat herno e grousse Succès gouf.

No 13 Jär sen ech op Iechternach an t’“Schleeschen“ mat den eeleren Leit Kiné machen gang.

Wärend mengem Congé parental vun 6 Jär hun ech stonneweis an enger Privatpraxis ausgehollef, duerno an dem Comité vun der APED Dikrich matgeschafft.

Gleichzeitig hun ech t’Aquarellmolerei fir mech entdeckt dei mir haut nach emmer vill Freed mecht. Zwou Eenzelausstellungen zu Bech an zu Esch-Sauer krut ech op t’Been.

Wéi ech meng Rent krut, hun ech mat zwou aneren Damen bei den éischten Flüchtlingen um Härebierg 2 Jär lang Sproochunterricht gin. Desweideren schaffen ech am Comité 3. Alter Dikrich mat.

Elo leit mein Interessi op der Dikricher Gemengepolitik an ech wier frou wann Dir mech an die ganz CSV-Equipe bei Aerer Wiël géift ennerstëtzen.

MERCI fir Aeren Interessi

MERCI am viraus.

Chantal WEILER – MAINZ

Jean BASTOS

ouvrier e.r.

Depuis 50 années j’habite à Diekirch, une ville que j’apprécie et pour laquelle je voudrais bien m’engager afin de pouvoir lui rendre un peu de tout ce qu’elle m’a donné pendant toutes ces années.

En tant que retraité, je regarde en arrière sur une carrière de 40 ans à l’usine Goodyear où j’étais chargé de la coordination du département receiving-shipping. Comme membre du corps des sapeurs-pompiers ainsi que délégué à la sécurité, j’ai toujours bien aimé m’engager pour la sécurité du personnel.

D’autre part la protection des droits des ouvriers m’a mené pendant ma carrière professionnelle à m’investir dans la représentation du personnel comme membre de la délégation.

Aujourd’hui je suis membre du LCGB Section Diekirch et membre du CLAE (Comité de liaison des associations d’étrangers).

Mon engagement politique pour la ville de Diekirch consiste tout d’abord à bien intégrer les immigrés. Ensuite la sécurité en général, le bien-être, ainsi qu’une bonne qualité de vie me tiennent à cœur pour que la Ville de Diekirch soit une ville accueillante pour tous les citoyens de Diekirch.

Votez Liste 4

POUR LE CHANGEMENT

FIR DE WIESSEL

Carla DE MAGALHAES

éducatrice graduée

Carla De Magalhaes

Institutrice stagiaire – Educatrice graduée

47 ans

Mariée, mère de 3 filles

Actuellement, je suis institutrice stagiaire à l’école fondamentale.

Auparavant, j’ai exercé avec passion ma vocation d‘éducatrice graduée entre autres au sein du service « Assistante en famille dans le service assistance psychique, sociale ou éducative » d’ARCUS, dans « l’encadrement de jeunes garçons et filles en Internat » (Les Internats Jacques Brocquart – PSJE) et dans « l’intégration d’enfants avec difficultés scolaires ou avec un handicap dans le système scolaire ordinaire » (SREA-EDIFF).

Née au Portugal, je suis venue avec ma famille à Diekirch à l’âge de 4 ans où j’ai poursuivi ma scolarité primaire et secondaire avant de poursuivre mes études supérieures à l’IEES.

Ce qui me tient particulièrement à cœur et pourquoi je m’engage :

-L’intégration, la convivialité et le partage du potentiel multiculturel de tout citoyen au sein de notre commune

-L’encadrement scolaire, le suivi social, l’encadrement et le soutien des familles à besoins spécifiques

-La convivialité et le partage d’expérience entre les générations

Ayant de beaux souvenirs, de mon enfance, du temps des études secondaires au lycée et de ma vie en général à Diekirch, j’espère apporter ma contribution pour continuer à préserver ce bien-être aux citoyens diekirchois.

A cet effet,

le 11 juin 2023

-> votez LISTE 4

CSV fir de Wiessel.

Stéphanie MENDES

éducatrice diplômée

Ech sinn d’Stéphanie Mendes, hunn 29 Joer an wunnen säit 3 Joer an der Gemeng Dikrech.

Vu Beruff sinn ech Éducatrice diplômée a schaffen zënter 11 Joer an der Maison Relais zu Dikrech.

Meng Spillschoul a Primärschoul hunn ech zu Miersch gemaach.

Am Lycée war ech zu Miersch an am Sainte-Anne wou ech meng Ausbildung als Auxiliaire de vie erfollegräich ofgeschloss hunn.

Nieft mengem Auxiliaire de vie Diplom hunn ech am CPSE Liège mäin Éducatrice diplômée gemaach.

Dëst Joer ginn ech mat a meng éischt Gemengewalen.

Duerch mäin Beruff läit mir d’ Kannerbetreiung an d ‘Jugend um Häerz an dofir setzen ech mech fir eng sozial Gerechtegkeet an.

Fir mech ass et wichteg dass all Kand déi selwecht Chance op eng adäquat Schoulausbildung kritt, onofhängeg vu senger sozialer Schicht, der Mammesprooch oder engem Migratiounsprofil.

Et dierf kee vergiess ginn!

Zesumme fir eng engagéiert an transparent Gemeng!

Fir de Wiessel! Lëscht 4 ukräizen.

Robert BOHNERT

professeur, directeur hon. du LCD

1975 sinn ech op der CSV-Lëscht an de Gemengerot gewielt ginn, wou ech mech bis 2011 souwuel an der Majoritéit wéi an der Oppositioun agesat hunn. Zweemol wor ech Schäffen, eng Kéier ganz kuerz an eng Kéier eng Period laang. Sou konnt ech Zeien sinn, wéi d’Stad Dikrich sech an deenen leschte 50 Jar entwéckelt huet, an och selwer eng Hand mat upaken.

Mech faszinéiert ëmmer erëm an der Gemengepolitik, datt een do am Alldag konkret an am Dialog mat deenen aneren de Lett hir Problemer ugoen an zu enger Léisung féieren kann, an ech fannen, datt et gutt fir deen Dialog wär, wa meng Partei, an iwwregens och déi aner aktuell Oppositiounsparteien, erëm matbestëmme kënnten.

Déi nei, kompetent Ekipp, déi mer dës Kéier als CSV-Dikrich opgestallt hunn ass eng Garantie fir d’Zukunft a motivéiert och mech, meng Erfarung a meng Bereetschaft zu Verantwortung nach eng Kéier mat an d’Spill ze bréngen.

Ech géif mech fréen, wa méiglechst vill Dikricher Wielerinnen a Wieler den 11. Juni der Lëscht 4 vun der CSV hir Stëmm géife ginn.

Fir de Wiessel.

Marylène FERNANDES

juriste

Mäin Numm ass Marylène FERNANDES. Ech si 34 Joer al a liewe säit 1995 an der Gemeng Dikrech.

Meng Spillschoul a Primärschoul hunn ech zu Dikrech gemeet. Meng Lycée-Zäit zu Ettelbréck.

Mäin Droit-Studium hunn ech op der Uni Lëtzebuerg ugefangen, mat engem Auswäerts Semester zu Montpellier, an erfollegräich zu Bréissel ofgeschloss.

Momentan schaffen ech als Juristin beim Staat.

Der CSV sinn ech am Joer 2020 bäigetrueden an dëst Joer ginn ech da mat a meng éischt Gemengewalen.

Ech sinn Comitésmember beim F.C.M Young Boys Dikrech an engagéieren mech an dësem Sënn fir eng lokal Entwécklung am Sport an eng besser Zesummenaarbecht mat de lokale Sportsveräiner vu Dikrech.

Zäit fir de Wiessel! Zesumme fir Dikrech! Wielt Lëscht 4!

Jean-Jacques SCHAEFFER

directeur administratif e.r. MUDAM

Zu Dikrich gebuer hunn ech mech säit jonke Joren an den Veräiner engagéiert an Haut sinn ech Präsident vum Verwaltungsrot vun der Paar Dikrich, Comitésmember vun der CSV Dikrich a Member vun der Finanzkommissioun vun der Stad Dikrich.

Als fréieren Banquier a Verwaltungsdirekter vum Orchestre Philharmonique du Luxembourg a vum Musée d’Art Moderne (Mudam) sinn ech e Spezialist an der Administratioun, der Gestioun, der Organisatioun, dem Personalwesen an den Finanzen.

All dës Erfarungen stellen ech gären an den Déngscht vun der Stad Dikrich an all mengen Matbierger. Als Deel vun eiser staarker Ekipp vun der CSV Dikrich, sëtzen ech mech „fir den politeschen Wiessel“ an a fir dass eisen Spëtzekandidat Charel Weiler eisen nächsten Buergermeeschter gëtt.

Paul BONERT

médecin

Als Schäffen fir d’Affaires culturelles an d’Affaires sociales war ech vun 2006 bis 2011 ënner anerem zoustännig fir: 

  1. Schafe vum Service des logements sociaux
  2. Opstelle vum Office social Nordstad (OsNoS) 
  3. Organisatioun vun den 750 Jar–Feierlichkeeten
  4. Bau vum Dikricher Geschichtsmusee
  5. Restauratioun vun der Dekanatskierch
  6. Bau vun der neier THOMAS-Uergel

Erausfuerderungen a Schwéierpunkte fir di nächst Jare sinn:

Nohaltigkeet

an alle Beräicher: Wunnen, Energie, Verkéier, Infrastrukturen, etc 

Regional Zesummenaarbicht

a Fusioun vun de Nordstad-Gemengen

Mir packen dat.

FIR DE WIESSEL

Lëscht 4

 

Isabelle JACHIET

enseignante

Installée à Diekirch depuis près de 25 ans, je suis toujours aussi satisfaite de mon choix.

Toutefois, nous sommes confrontés à de nouveaux défis, tels qu’inciter au développement durable, faciliter les déplacements, étoffer l’encadrement des jeunes, assurer l’accueil des réfugiés, revitaliser le centre-ville.

Ce sont des points importants pour tous les habitants de Diekirch et je suis convaincue que seuls la concertation et le travail de tous pourront permettre de les réaliser.

Jean-François STEICHEN

avocat à la Cour

Sech engagéieren a gemeinsam matgestalten.

Als gebiertegen Dikrecher läit mir Dikrech a seng Zukunft um Häerz. An deem Sënn ass mäi politeschen Engagement fir mech eng Evidenz.

Dat faszinant un der Gemengepolitik ass d’Méiglechkeet am Alldag konkret a pragmatesch Léisungen zu alldeeglechen Problemer vun de Matbierger ze fannen di zu engem besseren Zesummeliewe féieren.

D’Erausfuerderungen fir Dikrech an de nächste Jar sinn extrem divers (Verkéier a Mobilitéit, Nordstad, ëffentlech Finanzen, kommunalen Developpement, …). Den Detail fann der an eisem Walprogramm.

Dofir wielt de 11. Juni d’Lëscht 4.

#Fir de Wiessel