enseignant
Fir méi Liewensqualitéit zu Dikrich
Als gebiertegen Dikricher leit mir meng Staat um Häerz. Ech engagéiere mech zu Dikrich, well fir mech Wuelbefanne vun de Bierger am Zentrum vun der Gemengepolitik stoe muss.
Zu Dikrich musse mir et nach besser hikréien Aarbecht a Fräizäit mateneen ze verbannen, fir d‘Liewensqualiteit vun alle Generatiounen ze verbesseren. Mir brauche Plaze wou vu Jonk bis al d’Leit sech kënne vum Alldagsstress erhuelen a mir mussen eis kulturellt a sportlecht Angebot stäerken andeems mer eis lokal Veräiner ënnerstëtzen.
professeur-ingénieur
Gemengerot
Fir eng effikass an nohalteg Gemengepolitik
Professeur-Ingénieur (LTA)
Eng Gemeng muss wei een Betrib gefouert ginn. Am Schäffe-, an am Gemengerot muss jidderee seng eege Kompetenzen a säi speziellt Wësse geziilt mat abréngen kënnen. D‘ Wäitsiichtegkeet vun eis Volleksvertrieder ass eng absolut Viraussetzung, fir eng effikass an nohalteg Gemengepolitik. Eis Gemeng nohalteg leeden, heescht net nëmmen op eis Ëmwelt oppassen, mee verlaangt och eng responsabel Finanzpolitik. Zousätzlech muss een an Zukunft nieft, dem sozialen Fridden och den gesellschaftlechen Zesummenhalt an eiser Gesellschaft, nach méi ofsécheren. Des funktionéiert awer just an enger Equipe, wou een breet ugeluechten politeschen Debat stattfënnt.
D’Entwécklung vun Dikrich am Kader vun der Nordstad-Planung ass fir mech eng vun de Prioritéiten. D’Nordstad muss a mengen Aen fir den Norden een Entwécklungs- an Attraktiounszentrum ginn, genausou wéi Belval fir de Süden. Dat geet nëmmen duerch ee Matenee vun den Nordstadgemengen an engem konsequenten Input vun eiser Regierung. An deem Sënn brauche mer eng geziilt a koordinéiert Entwécklung vun eiser Ekonomie, eiser Mobilitéit an eisem Wunnraum.
D’Ausbildung a Betreiung vun eise Kanner ass a bleift eng Erausfuerderung fir d’Zukunft, a muss optimal am Sënn vun de Familljen organiséiert ginn. Mee och d’Sport- a Fräizäitgestaltung ass a mengen Aen, fir ee gutt Zesummeliewe vun eiser multikultureller Gesellschaft a fir eng gutt Liewensqualitéit vun eis alleguer, immens wichteg.